Eng Delegatioun vun eisem Kommitee beim neien Schäfferot zu Wooltz

24/11/2023

Virstellungsgespréich vun enger Delegatioun vum Kommitee vun der Gambrinus Brudderschaft beim neien Schäfferot zu Wooltz, zesummen mat den Kolleege vum Syndicat d’Initiative am Kader vum “Musée National d’Art Brassicole”.

Bei Geleeënheet vun dësem offiziellen Ulass gouf, no baal 25 Joër “success story” vum Nationale Braukonscht Musee um Weeltzer Schlass, en neien Aarbechtsgrupp GTM, tëschent der Gambrinus Brudderschaft an dem Syndicat d’Initiative WILTZ opgestallt. Am gemitterleche Kader vun den Tanneries goufen du schon déi aktuellsten Projeten beschwaat.

share:
Retour en haut