BBQ vun der Confrérie

24/09/2023

No langer Zeit haten mir erëm en BBQ zesummen.

De Grillmeeschter war den Roberto. Hien huet alles wie en Chef preparéiert.

D’Iessen war lecker, als Dessert as et en top Tiramisu vum Christian opgedëscht ginn. De Béier vum Tom war wie ëmmer remarquabel.

Des flott Experienz soll 2024 erëm widderholl gin. Mir hoffen datt dann méi Leit dobei kënnen sin !

Den selwechte Dag as och den Extra-XMAS Béier mat Xanthohumol vum Tom gebraut gin !

Dësen flotten Owend gouf beim Tom an der Bar ofgeschloss.

share:
Retour en haut