DON’T MISS IT: GAMBRINUS @ BELLE ETOILE

Ënnert der Organisatioun vun der
CBBL (Confédération des Brasseries et Brasseurs du Luxembourg)
kënnt dir vum 21.-23. November an der Belle Etoile d’Welt vum artisanale lëtzebuerger Béier entdecken.

Do dierfe mir als Confrérie Gambrinus natierlech net feelen. Dir fannt eis direkt niewent eisem Partner, dem Musée vun der Nationaler Braukonscht vu Woltz.
Déi Woltzer komme mat 3 Zorte Béier, déi an der Mikrobrauerei gebraut goufen.

Wéini fannt dir eis an der Galerie vun der Belle Etoile?

Donneschdeg, 21. November
vun 17-19 Auer

Freideg, 22. November
vun 11-19 Auer

Samschdeg, 23. November
vun 11-19 Auer

Kommt bis laanscht luussen a loosst iech e gudden artisanale Béier vun de Membere vun der CBBL zerwéieren.
Selbstverständlech kënnt dir ären « Coup de Coeur » och sur place kafen an domat d’Brauereien ënnerstëtzen an äre Frigo opstocken 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Retour en haut