Rentrée am Gambrinus-Keller

Léif Frënn an Frëndinne vu guddem Béier,

No der laanger Zäit ouni Keller freeë mir eis nees op e flotten Owend zesumme mat guddem Béier! E Mëttwoch de 6. September um 18h30 mécht de Keller seng Dire rem op.

Dës Kéier um Krunn: 2 verschidden tschechesch Craft-Béiere vun der Brauerei Raven.

 http://www.pivovar-raven.cz

Dat ass op alle Fall eng Visite wäert! Z’iesse gëtt et natierlech och eppes. De 4. Oktober geet et dann nees weider mat den Homebrew Owenter.

Mir freeën eis op iech, bis dann!

De Comité