Fir de Prolog vum Škoda Tour de Luxembourg live ze erliewen, gëtt et och dëst Joer rem Déi perfekt Adress: de Gambrinus-Keller ass ab 18h30 op! Fir déi néideg Erfrëschung bei dësem waarme Wieder ass also zumindest fir d’Zuschauer gesuergt! 🌞 🍺 Wéi all Joer féiert och de Parcours 2017 erëm direkt laanscht eise Keller…
Author: Olivier Schaul
Eis Confrérie ass houfreg drop de Communiqué fir d’Expo Onse Béier kënnen ze presentéieren: „ ONSE BÉIER La culture de la bière au Luxembourg / Luxemburger Bierkultur Plus qu’un simple produit de consommation prisé des Luxembourgeois, la bière est sans doute l’un des fleurons les plus emblématiques de notre culture. L’histoire de sa production…
Fir d’Homebrewers-Soirée vum Mëttwoch dem 3. Mee bréngt den HappKapp eis ee Whisky-Vanill-Kaffi-Milkstout (net vegetaresch an och net nom Reinheits-Gebot) mat: de MILVS Stout. Je no Disponibilitéit kann een dernieft nach seng aner Kreatioune schmaachen: ee feine Mee-Bock een Hellen een happegen Imperial IPA D’Dire sinn ab 18h fir iech op. Mir freeën eis op…
E Mëttwoch de 26. Abrëll gëtt et ausnamsweis schonn eng Homebrew-Soirée virum eigentlechen Datum. Mir freeën eis de Braumeeschterclub begréissen ze dierfen, déi hire Stammdësch och dëst Joer erëm bei eis am Gambrinus-Keller ofhale wëllen. Lass geet et um 20h. Z’iesse gëtt et bei deene frëschen Temperaturen en Chili con Carne. Natierlech ass den…
Den 3. Abrëll ass den neie Comité vun der Confrérie fir eng éischte Kéier zesumme komm. Eng gutt Geleeënheet fir den CA ze presentéieren: President: Claude Lorang Sekretär/Tresorier: Jacques Schroeder Vizepresident: Eric Thibor Brau-Delegéierten: Eric Thibor Delegéierten MNAB: Norbert Flammang/Claude Lorang vu lénks no riets: E. Thibor, J. Schroeder, C. Lorang, N. Flammang