Author: Olivier Schaul

October 23, 2017

Endlëch ass ët erëm sou wäit :  “O’zapft is” Och dëst Joer gëtt et erëm dee volle Programm mat Festbéier, Wäisswurscht, Brezen a Wiesn-Gaudi-Musék fir déi richteg Stëmmung. Wien en Dirndl & Lederhos’ huet, nët vergiessen se unzedoen! O’zapft is: dëse Mëttwoch, de 25.10. ab 18h30 am Gambrinus-Keller.    

October 3, 2017

Dëse Mëttwoch ass nees Hombrew-Soirée, et ass déi lescht virum kaalen Wanter mat Schnéi an Äis, duerfir profitéiert nach emol a kommt bei ons laanscht. Um Programm steet e flotten Owend mat Spezialbéiere vum HappKapp, déi et esou néierens soss ze schmaachen oder ze drénke ginn! Eppes z’Iessen gëtt et och! An wéi meeschtens bei Hobbybrauer:…

September 4, 2017

Léif Frënn an Frëndinne vu guddem Béier, No der laanger Zäit ouni Keller freeë mir eis nees op e flotten Owend zesumme mat guddem Béier! E Mëttwoch de 6. September um 18h30 mécht de Keller seng Dire rem op. Dës Kéier um Krunn: 2 verschidden tschechesch Craft-Béiere vun der Brauerei Raven.  http://www.pivovar-raven.cz Dat ass op alle…

July 2, 2017

Dëse Mëttwoch ass déi leschten Homebrew-Soirée virun der Summerpaus. Dofir gëtt den HappKapp nach eemol alles a bréngt Summer-Feeling an de Keller, mat Brauspezialitéiten, déi ee soss néirens méi sou wärt kréien. Opgepasst: Ab Juli gëllen och eis nei Auerzäiten. Ab elo ass all Mëttwoch vun 18h30 bis 23h00 op. Dat ass méi einfach ze…

June 6, 2017

Och dëse Mount gëtt et natierlech erëm eng Homebrewers-Soirée. Dës Editioun, de 7. Juni, ass den Debut vum Roberto a Luca Rigoni. Passend zu deene sonnegen Temperaturen, bréngen si ons e sprëtzegen IPA mat, mat Matueka-Happ gebraut.   Net verpassen! De Keller ass ab 18h op. Op de Gambrinus!   D’Keller-Equipe